D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Den Änder Hirtt bréngt een a Verbindung mat der Coverband "Fascination" oder senge ville Reklammen, déi hien gesongen huet. Mam "Elefantentwist" huet hie sech bei de Kanner onstierflech gemaach. Am Bistrot de la Presse sinn den Dan Spogen, Raoul Roos an d'Shari Schenten awer och gewuer ginn, dass alles mat enger Trompett ugefaangen huet, dass hien eng Zäit an der Keess op enger Bank souz an dass hie säin éischte Knätschgummi op der Strooss fonnt huet.

Um Piano: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL