D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Fernand Boden war 30 Joer Minister. Am Bistrot de la Presse zielt de Stackiechternacher, deen bestëmmt 70 mol d'Sprangpressessioun matgesprongen ass, iwwer seng Zäit am Lycée, als Schüler a spéider als Proff.

Dem Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten verréit hien awer och wat nom Regierungsrot gelaf ass, wéi e bei den Dëschtennis koum, wéi e seng Fra kennegeléiert huet, wéi hien de Rosé matgerett huet a firwat hien Pitti genannt gëtt.

Um Piano: Erny Delosch

Nächste Méindeg um 18.30 Auer ginn nei Emissiounen opgeholl mam Tessy Antony De Nassau, Laurent Schonckert a Pilo Fonck.

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL