D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Pascal Triebel ouni Vëlo kann ee sech net virstellen. Et gëtt keen Dag wou hien, och mat 56 Joer, net drop klëmmt fir seng Kilometeren ze dréinen.

Am Bistrot de la Presse geet et awer manner ëm d'Coursen déi hien gewonnen huet, mä hien zielt dass en souguer eng Kéier eng Geess oder säin Gewiicht am Zocker als Präis krut. Hie verréit dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi hien ëm seng Fra gekämpft huet, dass hien keng Drëps Alkohol verdréit a firwat hien eng Doppingkontroll sause gelooss huet.

Um Piano: Erny Delosch

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL