D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Romain Richer kënnt vu Käerjeng an ass elo Paschtouer, mat Jeans an Turnschlappen, zu Ettelbréck.  Mat 19 Joer hat hie sech d'Fro gestallt, a wéi eng Richtung säi perséinleche Wee féiert. Zanter 2011 ass hien Aumônier bei der Landjugend an de Jongbaueren.

Um Ufank hat hie mam Clierfer Dialekt seng Probleemer, awer och mat den Aarbechten um Bauerenhaff an de Béischten. Am Bistrot de la Presse huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och verzielt wéi hie Bekanntschaft mam Poopst gemaach huet, dass hie Pavarotti a Lady Gaga lauschtert an dass hien Héichtenangscht huet. Um Piano: Den Erny Delosch.

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL