D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Den 29. September 2006 ass aus dem Tessy Antony vun Nidderkuer duerch hir Hochzäit mam Prënz Louis eng Prinzessin ginn an e Kandheetsdram huet sech erfëllt. De Mariage ass an d'Bréch gaangen, awer haut ass d'Tessy Antony de Nassau an hirem zweete Mariage nees glécklech a gouf de 26. August 2021 fir d'drëtt Mamm.

Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et dës Woch ëm hir Patchwork-Famill, d'Kandheet mat villen Déieren an d'Zäit an der Arméi. Awer och Charity an Astronautentraining, fir fit ze bleiwen, spillen eng Roll.

Um Piano: Den Erny Delosch.

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL