D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Dass de Laurent Schonckert de grousse Chef beim Cactus ass, misst bekannt sinn. Dass hien och Futtballprofi hätt kéinte ginn, wëssen d'Fachleit. Wann een ee begéint mierkt een, dass en och grousse Wäert op d'Moud leet.

An all de Rescht erauszefannen ass d'Missioun vum Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten. Wéi steet et mat Leidenschaften, säi Museksgoût a wéi hält hien et mat Reklamatiounen, wann et der gëtt?

Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL