D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Den Acácio da Silva ass en Held a Portugal. Als éischten, a bis haut eenzege portugisesche Cyclist, ass hien 1989 als  Etappegewënner zu Lëtzebuerg 4 Deeg beim Tour de France am "Maillot Jaune gefuer. Op sengem Palmarès stinn donieft och nach gewonnen Etappen beim Giro d'Italia, der Tour de Suisse an der Tour de Romandie.

Dass een awer och gutt mat him laachen kann, mierkt ee séier mat all de Spiichten aus Portugal, senger Kandheet zu Lëtzebuerg, oder vun deem wat hien an senger Karriär erlieft huet.

Am Bistrot de la Presse ass hien op den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gestouss.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL