D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De François Valentiny huet zu Salzburg d'Mozarthaus entworf an zu Saarbrécken den Theater ëmgebaut. Hie war den Architekt vum Amphitheater vun Trancoso an och zu Lëtzebuerg gëtt et vill Gebaier, déi hie konzipéiert huet.

Am Gespréich mam Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten verzielt de Stararchitekt, wéi hien aus engem Schräiner zu deem ginn ass, wat hien haut ass. Et gëtt ee gewuer, wat hien op Shanghai verschloen huet, wat hie mat der Oper zu Amsterdam ze dinn huet a wat hie mat der Péitersplaz zu Roum plangt.

Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL