D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Luss Elsen huet den éischte vegetaresche Restaurant op Lëtzebuerg bruecht. Dat goung deemools iwwer vill Ëmweeër, mä de feste Wëlle war ëmmer do. Interessant ass et, wat en Elektriker wéi hie sech alles huet missten ulauschteren an afale loossen. Wat 1977 mat engem klenge Stand mat Biogebäck um Stater Maart ugefaangen huet, ass elo zu enger Success Story vun 32 Joer ginn. "Shanti" war säin éischte Restaurant zu Bréissel, mä schonns virdrun huet e vill Léiergeld zu Antwerpen bezuelt an zu Zürech souz hie souguer am Prisong.

Wéi en un den Numm "Mesa Verde" koum, zielt hien och dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten.

Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL