D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Roby Schuler ass de Papp vum Rock um Knuedler. Hie war awer och bei villen anere Concerten an der Stad wärend 35 Joer de Motor an huet d'Ficellë gezunn, wann anerer op der Bün den Applaus kruten. Am 'Bistrot de la Presse' zielt hien dem Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten iwwer de Klaus Hoffmann, dee frou mam Lëtzebuerger Cremant ass, de Prënz Albert, deen hien zu Cannes begéint huet, den George Harrison, deem hien an der Royal Albert Hall iwwer de Wee gelaf ass. Awer och seng Qualitéiten als Model an der Publicitéit a wéi e bei der Staatsvisitt vum éisträichesche Bundeskanzler bal fir en diplomateschen Incident gesuergt hat, ginn net verheemlecht.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL

© RTL Grafik