D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Wann een den Numm André Kemmer héiert, denken der vill direkt un d'SREL-Affär, dobäi ass hien awer och Auteur vu verschiddene Romaner, wéi "Aminas letztes Geheimnis", "Das Geheimnis des Blutmonds" oder "Der Geheimdienst Insider".

De fréieren Geheimagent zielt dës Woch vu senger Zäit an der Arméi, bei der Police zu Esch, awer och wéi hie bei de Spëtzeldéngscht koum a wéi seng Aarbecht do ausgesinn huet. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gëtt ee spannend Anekdote gewuer, wéi déi vum Abriecher, dee sech gutt verstoppt hat oder vun der Wirtschaftsmissioun mam Ausseminister Asselborn.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL

© RTL Grafik