D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Maître Jean-Jacques Schonckert ass deen an der Mëtt, tëscht 2 Bridder. Opgewuess ass hien zu Mamer an all fräi Minutt war hien zu Bur un der Sauer wou de Monni en Hotel hat.

No 7 Joer Kolléisch konnten d'Proffen an hien opootmen an ënner dem Motto «le droit mène à tout à condition d’en sortir» huet hien dee Wee ageschloen. Hien ass entretemps mat all Waasser gewäsch, net zu Lescht duerch d'Geesseknäppchen-Connection, d'Waldbëlleger Affär oder de Juradoprozess, deen éischten Geldwäscherprozess an Europa.

Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet awer och rieds iwwer seng 3 Meedercher, seng Léift zum Fussball an zum Fëschen.

Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL