RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Paul Lesch

D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
Den Nach-Direkter vum CNA Paul Lesch verréit dës Woch, wéi hie scho mat 13 Joer zum Cinephil ginn ass, deen hie bis haut bliwwen ass. Staark markéiert vum Hitchcock, dem Ciné-Club vum Kolléisch, dem Ciné-Club 80 a spéider dem Utopia huet hie säi Wee an déi Richtung gemaach.
Am Café des artistes beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verréit hien awer och wéi hien dem Til Schweiger begéint ass, dass hie sech schonn als Acteur versicht huet an och en eegne Film gemaach huet. Donieft geet et ëm seng 3 Kanner, den Haff a firwat hien net frou mat Déieren ass.
Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
