RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Harry Wijnvoord

© RTL
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
Den Harry Wijnvoord behaapt selwer vu sech, hie wier ee wéi de 'Weihnachtsmann', awer dat ganzt Joer iwwer. Bekannt gouf de sympatheschen Hollänner duerch d'RTL-Sendung "Der Preis ist heiß", wou hie Kaddoe verspillt huet. Objeten aus dem Stot iwwer deier Autoe bis bei Dramreese konnt een a senger Show gewannen. D'Spillreegele wollte just, dass een de geneeë Präis fënnt oder sou no wéi méiglech drun erukënnt, ouni z'iwwerbidden.
Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten dem Quizmaster allméiglech Froe gestallt, déi och dat privat Liewe gesträift hunn.
Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
