D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Den Tom Leick-Burns ass den artisteschen Direkter vun de Stater Theateren. 2015 huet hien Relève vum Frank Feitler iwwerholl a sech ënner 6 Kandidaten duerchgesat. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hien iwwer säin grousse Wonsch Acteur ze ginn, seng eegen Wäscherei op der Gare, seng Zäit zu London. Hien verréit awer och e puer Jugendsënnen a weist wéi houfreg hien op seng zwee Meedercher ass.

Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten dem Quizmaster allméiglech Froe gestallt, déi och dat privat Liewe gesträift hunn.

Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL