RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Niki Kirsch

© Patrick Greis
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
Als 'Niki vum Maart' ass hien iwwerall bekannt. De Niki Kirsch erënnert sech dës Woch u seng Kandheet, wou si keng Buedzëmmer mat Dusch an Toilette haten. Mir gi gewuer, firwat hie Geméisproduzent ginn ass a wéi de President vum Lëtzebuerger Maarteverband mam Jean-Claude Juncker op Berlin an den Adlon war.
Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hien awer och, wéi seng Zäit am Internat war, firwat hien strécke geléiert huet an et gëtt al Schnoken vum Maart.
Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
