RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Marc Fischbach

D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
Wa seng Eltere gewollt hätten, wier de Marc Fischbach ënner Ëmstänn Futtballprofi ginn, a wann d'Politik net dertëscht komm wier, hätt hie méiglecherweis grouss Karriär als Notär gemaach. Wéi gewosst, koum et aneschters. Hie war ënner anerem Member vum Europäesche Parlament, Minister mat verschiddene Ressorten, 6 Joer Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an 2004 den éischten Ombudsmann zu Lëtzebuerg.
Am Café des Artistes hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech méi fir de Privatmann interesséiert.
Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
