D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Aktuell leet de Jean-Guillaume Weis eng Danzschoul zu Welleschten. Den international renomméierten Dänzer a Choreograph stoung vu Klengem un op der Bün an dobäi war et u sech seng Schwëster, déi ëmmer an de Ballet gefouert gouf.

Bréissel, Roum, New York sinn nëmmen e puer wichteg Statiounen a senger Karriär. Hien huet op sengem Wee Leit begéint wéi de Peter Sellers, Astor Piazzolla oder de Lou Reed. Am Café des artistes beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gëtt hien awer och zou, als Kand der e puer gestëbst ze hunn, déi längst verjäert sinn. Hie schwäermt vum Pina Bausch an erënnert sech drun, dass Banditten him zu Rio op der Plage seng RTL-Auer ofgeholl hunn.

Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL