D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Ralph Diseviscourt ass e Phänomen. Den Ultracyclist huet sech eng Sportsdisziplin erausgesicht, bei där et drëms geet, sou vill Kilometere wéi méiglech an engem Stéck zréckzeleeën an dobäi sou mann wéi méiglech ze schlofen. No deem Prinzip huet hie schonn e puer vun de wichtegste Coursen op dësem Plang fir sech entscheet, ugefaange bei der Dolomitica, iwwer d'Tortour, de Glocknerman, d'Race Across France an d'Race Across Italy wou hie schonn 3x als Vainqueur ervirgaangen ass.

Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel geet et awer och ëm de Keelesport, e Wëllschwäin, de Sekonneschlof, en décken Damme-Suedel bei der 'Race Across America', eng Doppingkontroll an eng Portioun Raclette.

Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.