RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Romain Hoffmann

D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
De Romain Hoffmann ass e Stack Bartrenger. Mat néng Joer huet hien als Spiller op der Sparta ugefaangen an aktuell ass hien de President vum Traditiounsbasketclub. Bekannt ass hien och vun der Fouer, wou hien dëst Joer fir 43. an den Asaz kënnt.
Da spillt hie leidenschaftlech gär Theater, ass e Meeschter am Geschichtenerzielen a säin Motto "Fester soll ee feiere wéi se falen". Wéi hien u säin Spëtznumm 'Fox' koum, wéi d'Aarbechtskolleege mat him den Uz gemaach hunn a firwat hie säin neie Scooter direkt nees verkafe wollt, zielt de Romain Hoffmann dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.