RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Andy Bausch

D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
Vu 'Gwyncilla: Legend of Dark Ages' bis bei de 'Little Duke' geet d'Bandbreet vun engem Andy Bausch, ouni seng Televisiounsaarbechte wéi 'Doppelter Einsatz', 'Balko' oder 'HeliCops' ze vergiessen. Wéi fir de Kult-Regisseur alles zu Diddeleng ugefaange huet, wourunner d'Musek Schold ass a wéi hien den Thierry Van Werveke kennegeléiert huet, dorëms geet et dës Woch.
Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel geet awer och rieds vun engem Optrëtt am Smoking, Picon-Béier an enger wichteger Bekanntschaft op engem Pissoir.
Um Piano am Café des artistes: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.