D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Justin Gloden kennt een aus der Liichtathletik als de Mann mat de ville Rekorden. Awer hien ass nach vill méi sportlech, wéi déi meescht mengen. Hien ass frou mat de Bierger, dem Vëlo an dem Fussball an dat net just als Supporter. A wéi et mat senger Léift zum Béier an zum Sange steet a firwat hien eng Kéier am Prisong gelant ass, verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten am "Café des artistes".

Um Piano am Café des artistes: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.