D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

D'Sonia Gleis fiert zweegleiseg, als Model an als Molerin. Dobäi huet alles duerch d'Molerei ugefaangen, ier lukrativ Campagnë vu grousse Moudenhaiser koumen an domadder verbonne rout Teppecher, schéi Partye mam Leonardo Di Caprio a Geschaffs mam Claudia Schiffer an Diane Kruger. Awer et gouf och Problemer mat Kokosnoss-Spannen op de Seychellen, mat der Frisur an dem Hond an der Posch. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et vu Stroossen op Paräis an an d'ganz Welt an nees zréck.

Piano am Café des artistes: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.