RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jempy Drucker

D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
2021 huet de Jempy Drucker de Vëlo un den Nol gehaangen, awer bis dohinner huet hien d'Lëtzebuerger Faarwen dacks am Ausland vertrueden. Dës Woch hëlt de fréiere Cyclist eis mat hanner d'Kulisse vum Vëlossport a verréit vill Privates. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hien iwwer schwéier Chutten a Verletzungen, awer och vum Superjhemp op de Vëlosschong, dem Lena Gercke bei der Vuelta, dem Patrick Dempsey bei der "Tour of California" a senger Hochzäit, mam Fausti als Iwwerraschung.
Piano am Café des artistes: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.