RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Marco Lorenzini

D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
De Marco Lorenzini kennt een aus de verschiddenste Rollen am Film oder op der Bün. Hien ass Stammclient bei de Filmer vum Andy Bausch, war schonn am Tatort a mat "Le Tout Nouveau Testament" mam Benoît Poelvoorde a Catherine Deneuve huet hie souguer schonn Oscar-Loft geschnoffelt. Aktuell gesäit een hien am Film "Kommunioun" vum Jacques Molitor. De Wee bis dohinner war e wäiten a beschwéierlechen. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et och ëm seng geféierlech Reese mam Rucksak, seng Zäit als Giischtjen an dee Moment, wou hien op der Bün e komplette Blackout hat.
Piano am Café des artistes: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.