RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Paul Thiltges

Bei ville Lëtzebuerger Filmer, wéi beispillsweis 'The Little Duke' vum Andy Bausch, liest een am Generique "Paul Thiltges Distributions".
Dës Woch léiere mer deen Escher kennen, dee sech e Numm als Produzent gemaach huet.
Am "Café des artistes" beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verréit hien, wéi eng kromm Gedanken hien op senger éischter Schaff op enger Bank hat, zielt wéi onkonventionell hien als Schoulmeeschter zu Bungeref war, a wéi e Faux-pas hie beim Paolo Conte gemaach huet.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.