Kee Staat duerf sech Ressourcen aus dem All uneegnen
D'Weltraumprojeten vun der Lëtzebuerger Regierung suerge jo net nëmmen heiheem, mee och am Ausland fir deels kritesch Reaktiounen.
De Grand Duché huet guer net di néideg Kompetenze fir einfach mol sou Gesetzer am Weltraum ze maachen, seet zum Beispill de Stephan Hobe, Professer fir Weltraumrecht op der Universitéit zu Köln.
Zanter dem éischten August erlaabt Lëtzebuerg privaten Entreprisen Weltall-Ressourcen ze notzen. Laut Weltall-Vertrag aus dem Joer 1967 dierf kee Staat sech de Weltall oder d'Ressourcen aus dem All uneegnen. Den All a seng Ressourcen gehéieren der ganzer Mënschheet. Am Interview erkläert de Professer Dokter Stephan Hobe, datt d’Lëtzebuerger Initiative genee do Vëlkerrecht verletzt.
Weltraum-rechtlech Froe kéint ee nëmmen op Niveau vun de Vereente Natioune reegelen.
Duerch d’Lëtzebuerger Initiative wier villes a Beweegung komm an eng Diskussioun lancéiert ginn. Dëst gesäit de Professer Dokter Stephan Hobe awer positiv, well et duerch dës Initiativ elo wuel zu enger interessanter internationaler Diskussioun komme wäert.
Och wann den Ament nach net vill Staate reagéiert hunn, nodeems als éischt d’USA a Lëtzebuerg ee rechtleche Kader gesat hätten. Vill Staate géife sech nach net fir des Thematik interesséieren, well et nach net lukrativ genuch wier. Wichteg wier et elo een internationale Kader ze setzen.
D’Entreprisen, déi an Zukunft wëlle Ressourcen am All ofbaue maache Reklamm mat flotten Animatiounen, do misst nach vill geschéien a vill Zäit vergoe bis dëst Realitéit gëtt. Ma d’Lëtzebuerger Regierung hätt awer mat wéineg Opwand ee groussen PR-Coup op der internationaler Bühn gelant.

© Pierre Weimerskirch