Duerch Entreprisen wéi der IEE ginn Techniken wéi d'Autonoomt Fueren entwéckelt a verbessert.

Kënschtlech Intelligenz soll d’Autosindustrie revolutionéieren. D’Entreprise IEE mat Setz zu Lëtzebuerg ass weltwäite Leader bei der Entwecklung vun Sensore fir Autoen. An Zukunft well een virop Techniken entwéckelen wei autonomt Fueren méiglech gëtt. De Aloyse Schoos CTO vun der IEE.

AUDIO: Den Aloyse Schoos vun der IEE

Fir enger kënschtlech Intelligenz eng Handlungsweis bäizebrénge muss se wei de Mënsch leieren.A genee dat sinn déi Fäll déi d’ Ingenieure viru grouss Erausfuerderunge stellen.

IEE entwéckelt nei Kamerasystemer fir Autoen. E Beispill si Stereo-Kamerae wou och Distanzinformatioune verschafft kenne ginn. De Betrib schafft mat Fuerschungszentren zu Lëtzebuerg an der Groussregioun zesummen. Den Andreas Steier ass Member vum däitsche Bundestag a responsabel fir kënschtlech Intelligenz an huet selwer jorelaang fir IEE geschafft. Haut war hien op Visitt fir déi grenziwwerschreidend Kooperatioun auszebauen.