Villäicht hutt Dir et och schonn erlieft: Mat Kollegen am Café iwwert en Thema geschwat, den Dag drop weist den Handy eng Reklamm oder e Video zum Thema.

Datt de Smartphone eist Surf-Verhalen analyséiert, fir Reklammen ze weisen, ass bekannt. Mä lauschtert en och heemlech mam Mikro mat? Am Internet sammele sech jiddwerfalls ëmmer méi Berichter vu Leit, déi dovunner iwwerzeegt sinn.

Mir hu gekuckt, ob un dësem Phänomen wierklech eppes drun ass an en Experiment gewot. E konkrete Beweis ass dobäi net erauskomm. Vill grouss Internetfirme wéi Google a Facebook dementéieren, dass si heemlech opgeholl Stëmme fir cibléiert Reklamme benotzen. Wien der Saach awer net traut an net op säi Smartphone verzichte wëll, dee sollt am Beschten nëmmen autoriséiert Applikatiounen aus offizielle Storen eroflueden an den Zougrëff op de Mikro, wann net onbedéngt noutwenneg, desaktivéieren.