De Fashion-Designer wëll och seng connectéiert Objete produzéieren, ugefaange mat Luxus-Kopfhörer am Stil vun den AirPods.

Dat franséischt Fashion-Haus Louis Vuitton probéiert, déi modern Welt vun der Technologie mat Luxus ze beaflossen a lancéiert deemnächst Kopfhörer ouni Kabel, déi wéi een In-ear-System funktionéieren.

D'Inspiratioun dofir huet ee wuel bäi Apple fonnt, déi kalifornesch Mark hat hir AirPods 2016 op de Maart bruecht. Allerdéngs proposéiert Louis Vuitton seng Kopfhörer-Léisung fir de Präis vun engem iPhone, déi kleng Bijoue si fir 995$ ugekënnegt, dat si ronn 870€.

Vill Hype fir ee Produit, deen et u sech scho gouf: Et geet hei ganz einfach ëm de Modell MW07 vun der New Yorker Firma Master & Dynamic, deen d'lescht Joer erauskoum fir de Präis vun 299$ (263€). Den Toun ass ultra präzis, an awer si 600€ fir e Logo schonn en intressante Fashion-Zouschlag.

Den "neie" Produit krut de Numm Horizon an ass natierlech a verschidden Designen ze kréien: schwaarz, wäiss, rout mam LV-Monogramm oder och nach giel a blo mat den LV-Sträifen.

Wat d'Autonomie ugeet, eng Charge geet duer, fir 3 an hallef Stonne Musek ze lauschteren. Bis zu 20 Stonne kéint se esouguer hale mat méi Chargen am Dag, wann een d'Këscht vum Produit mathëlt.

Uschléisse kann een den "Horizon"-System via Bluetooth, esou kann ee se mam Smartphone, Tablett oder Laptop benotzen, awer och geschwë mat enger connectéierter Auer, déi LV och deemnächst misst erausbréngen. Och hei mierkt een e ganz kloren Afloss vun enger kalifornescher Watch.

Fir béid Produite gouf et nach keen Datum annoncéiert.