No iwwer 800 Versich, fir de Mars-Rover Opportunity ze kontaktéieren, huet d'Nasa de Roboter e Mëttwoch opginn.

Bal 15 Joer laang war de Mars-Rover Opportunity um Roude Planéit, dobäi sollt d'Missioun ursprénglech nëmmen 90 Deeg daueren. Deemno war de Mars-Rover 14 Joer méi laang am Asaz ewéi geplangt.

De Mars-Rover war eng vun de gréissten Hoffnungen, fir de Planéit besser ze verstoen a kennenzeléieren.

D'Missioun vum 185 Kilogramm schwéiere Gerät ass domat eriwwer. De Kontakt zum Mars-Rover war den 10. Juni 2018 verluer gaangen, dat wärend engem Sandstuerm um Mars. Dono huet een näischt méi vum Roboter héieren a war net méi ze erreechen.

De Rover war am Juli 2003 u Bord vun enger Rakéit vun der Weltraum-Gare Cape Canaveral aus gestart an ass ronn en halleft Joer méi spéit, de 25. Januar 2005, um Mars gelant. Zanterhier ass de Mars-Rover bal 15 Joer laang iwwer de Roude Planéit gerullt an dobäi huet hie vill Ausdauer bewisen. Am Joer 2007 hat hien nämlech nach ee vill gréissere Stuerm iwwerstanen.