Sämtlech Acteuren aus der Internetbranche gesi sech en Dënschdeg an e Mëttwoch an der Chambre de Commerce fir d’Internet-Days.

Dëst Joer stinn déi zwee Deeg ganz am Zeeche vun der Digitaliséierung. Eng Digitaliséierung, déi wéi et schéngt ongebremst op eis duerkënnt.

Duerch d’Digitaliséierung wäert sech d’Gesellschaft an Zukunft wandelen, dat bezweiwelen déi mannst, virun allem, wann ee sech op enger Konferenz beweegt, wou de groussen Deel vun de Leit Spezialisten aus dem ICT-Secteur sinn.

Privatleit an Entreprisen dofir sensibiliséieren, datt déi digital Welt eng wichteg ass, dofir ginn d’Internet Days organiséiert. Virop Lëtzebuerger Entreprise wiere net gutt opgestallt, wann et em Digitaliséierung geet.

Amazon huet viru knapp engem Joer de Supermarché Amazon-Go op gemaach. Eng Kees brauch een net, eng kënschtlech Intelligenz detektéiert, wat ee matgeholl huet. Gesäit esou de Supermarché vun der Zukunft aus, Aarbechtsplaze géifen hei ofgebaut ginn.

Am Kader vun den Internet-Days gouf och eng nei App fir iPhone presentéiert, mat där een an 365 Deeg Lëtzebuergesch leiere kann. Och Sproochecourse kéinten an Zukunft vu Maschinne gehal ginn.