Virun enger Woch sinn di grouss Fuerschungszentren zu Lëtzebuerg mat der amerikanescher Entreprise Nvidia eng Kollaboratioun agaangen.

Krankheete verhënneren, intelligent Stied schafen… dat si nëmmen zwee Beispiller wou déi kënschtlech Intelligenz zum Asaz ka kommen.

Di aner Woch sinn eng Partie Lëtzebuerger Fuerschungszentre mat der amerikanescher Entreprise Nvidia eng Kollaboratioun agaangen. Zil ass et a Froe vu kënschtlecher Intelligenz weider ze kommen.

Nvidia ass ee vun de gréissten Acteuren déi Chippen zur Verfügung stellen déi bei der KI agesat ginn. Duerch d’Kollaboratioun erhofft een sech engersäits besseren Accès zu de neisten Technologien awer och op ee Wëssenstester.