Déi europäesch Reform vum Droit d'Auteur mécht bei wäiten net jidderee frou. Dofir wëlle se an Däitschland d'Enzyklopedie den 21. Mäerz zoumaachen.

Zum Schluss vum Mount muss déi europäesch Reform vum Droit d'Auteur vum EU-Parlament ofgestëmmt ginn. Een Accord gouf tëscht Kommissioun, Parlament a Conseil fonnt an awer si nach ganz vill Leit géint dës Decisioun, virun allem géint den Artikel 13.

Grouss Plattformen si responsabel fir de Contenu, déi se publizéieren a musse Lizenze bezuelen oder automatesch Filteren installéieren.

Wikipedia ass awer hei net direkt betraff, d'Zukunft vu Projete wéi Wikimedia Commons, déi ganz ähnlech sinn, ass nach net sécher. An Däitschland gëtt zum Beispill och gefaart, dass d'Softwaren, déi de Contenu filtréiere sollen, keen Ënnerscheed tëscht Satire oder fräi kënschtlereschen Ausdrock maachen.

"Meenungsfräiheet, Konscht a Press kéinten duerch dës nei Moossnamen a Gefor sinn", esou déi däitsch Auteuren vun der Enzyklopedie um däitsche Site ZDNet.com.

De Streik bei Wikipedia Däitschland gouf no engem Sondage decidéiert, dee bei Fans a Fräiwëlleger vun der Plattform duerchgefouert gouf. Et wier allerdéngs keng Premiere, well lescht Joer scho verschidde Versioune vum europäesche Wikipedia fir de gläichen Zweck suspendéiert goufen. Den 21. Mäerz bleift den däitschen Deel onzougänglech.