Den 12. Mäerz 1989 hat de britesche Physiker eng Nott u seng Cheffen iwwer d'Deele vu den Donnéeën iwwerreecht. Zanterhier ass de Web iwwerall präsent.

Den Tim Berners-Lee ass der Meenung, dass de Web op sengem 30. Gebuertsdag a Gefor ass a méi konstruktiv sollt gestalt ginn. Et geet net duer, dass de System fräi a gratis ass, de Web soll fir all Mënsch gutt sinn, esou den Ingenieur um Festival vun de Mënscherechter zu Genf. Do huet de Papp vum World Wide Web iwwer d'Problemer vum moderne Gebrauch vu senger Plattform geschwat an huet sech och iwwer seng Ängschte geäussert, wat d'Zukunft vum Web betrëfft.

"Zanter 15 oder 20 Joer ware mer dru gewinnt, de Gebuertsdag vum Web ze feieren. Dunn ass e radikale Wiessel mam Brexit oder och nach mam Trump komm. D'Resultat vun de Walen oder vum Referendum si ganz kloer beaflosst ginn. Sozial Netzwierker, déi u sech am Ufank e ganz gutt Zil haten, hu ganz vill Verschwierungstheorien erméiglecht" huet den Tim Berners-Lee bedauert.

Deen, deen alles mat allem verbanne wollt, seet sech geschockt iwwer d'Lach, wat tëscht de Leit, déi connectéiert sinn, méi grouss gëtt mat deenen, déi keen Accès op de WWW hunn. Seng Iddi sollt d'Liewe méi einfach maachen, mëttlerweil entdeckt een all Dag eng nei Fraude oder e Sécherheetsproblem, dee scho benotzt gouf, fir Donnéeën ze klauen. D'Verbreede vum Haass ass och däitlech geklommen an et gëtt ëmmer méi schwéier, dës Situatioun ze kontrolléieren. Et kann een dem Web net ëmmer trauen, esou den Tim Berners-Lee, deen awer net opgëtt.

Senger Meenung no ass de Web a Gefor, sief et duerch fake News oder duerch d'Sammele vun Donnéeën iwwer Plattformen, déi zu de GAFA (Google, Amazon, Facebook, Apple) gehéieren an awer soll den aktuellen Zoustand net d'Zukunft duerstellen.

De Physiker huet dofir e "Kontrakt" fir de Web entworf, deen am November 2018 um Web Summit zu Lissabon presentéiert gouf. E Kontrakt, fir nees de Respekt vun der Privatsphär ze garantéieren an op déi Saachen zréckzekommen, fir déi de Web u sech gebaut gouf: eng Basis, déi aus enger gesonder Mëschung vu Wëssenschaft a Fakte besteet. Eng "Web-Gesellschaft" soll entstoen, fir eng méi oppen a besser Plaz um Internet ze bauen.

Parallel dozou schafft hien un engem neie System, dee géint Facebook oder Google wierke soll. Deemools hat jiddereen d'Kontroll iwwer seng Donnéeën an och seng eege Websäit, "deemools war et och manner geféierlech online ze sinn", esou de Berners-Lee. Dat ass déi Situatioun, déi de Papp vum Web mat senge verschidde Projeten nees erreeche wëll.