D'Technik an d'Infrastruktur fir Produiten oder Servicer mateneen ze verbannen, verbrauche vill Energie, e Problem, deen ëmmer méi grouss gëtt.

Eng Etüd vun der Organisatioun The Shift Project huet bewisen, dass d'Digitaliséierung tatsächlech geschwënn méi Zäregas produzéiere wäert wéi de privaten Trafic op der Strooss.

Offiziell klëmmt d'Energieeffizienz iwwerall op der Welt, an awer suergen d'Notzung vu digitale Servicer an d'Produktioun vun deenen Apparater, déi dofir gebraucht gi fir eng Erhéijung vun Zäregas-Emissiounen. Esou kann een, zum Beispill de Streaming vun engem HD-Video wärend 10 Minutten op engem Smartphone, mam Benotze vun enger Kachplack vun 2 Kilowatt wärend 5 Minutte vergläichen. Hei gëtt, proportional gesinn, genee esouvill Energie verbraucht, wéi wann een all Etapp vum Prozess mat aberechent: Technik vum Reseau; Serveren, awer och d'Produktioun vu den Apparater.

Déi digital Technik ass esou fir 3,7% vun den weltwäiten Zäregas-Emissioune responsabel. Am Verglach war den ziville Transport mat Fligere lescht Joer bei 2%. Et ginn natierlech verschidden Zeenarien, déi am schlëmmste Fall bis 2025 een Taux vun 8% viraussoen, dat wier méi héich wéi d'Autoen a Motorrieder zesummegerechent.

An deene Rechnunge gi Smartphonen a Laptoppe, mat hirer ganzer Technik an Infrastruktur, mat aberechent. Wat kascht et un Energie, fir een intelligenten Handy ze bauen? Wat verbraucht déi ganz Technologie, fir iwwerhaapt connectéiert ze bleiwen? Dozou kommen eng ganz Rëtsch Apparater, wéi intelligent Tëleeën, wéi och d'Accessoiren, déi zum Smartphone gehéiere wéi Aueren, Braceleten, Bluetooth-Kopfhörer oder Lautsprecher, awer och all déi Saachen déi bis elo net connectéiert waren: den Auto, de Frigo, d'Haus.

Et soll een awer och net den industrielle Beräich vergiessen, wou mëttlerweil alles matenee vernetzt ass. Video-Iwwerwaachung, automatiséiert Produktiounen, Roboteren an och den Trend vun der Gesellschaft, fir Geräter ze kafen, déi méi bëlleg sinn, ma dofir och eng méi kuerz Liewensdauer kennen hunn.

Wat duerno mat deene geschitt, muss nach gekläert ginn, awer och no hirem "Doud" verschmotze se weider...