Google krut fir déi 3. Kéier eng Amende vun der EU-Kommissioun, an zwar bal 1,5 Milliarden Euro.

Vun den 3 Amenden iwwert déi lescht Joren ass dat di niddregst. D’Margrethe Vestager, zoustänneg fir de Wettbewerb, sot um Mëttwoch den US-Internet-Gigant hätt 10 Joer laang vu senger dominanter Positioun an der Online-Publicitéit abuséiert andeems en anere Firme Konditiounen imposéiert huet.

Duerch speziell Kontrakter mat aneren Internetsäiten, hätt Google evitéiert, datt Konkurrente Publicitéit op deene Sitte kënne maachen.

Dat wier – laut EU Anti-Kartel-Reegele - ganz einfach illegal. 1,49 Milliarden Euro entsprécht 1,3% vum Chiffre d’Affaires vu Google.

D’Margrethe Vestager geet iwwregens als Spëtzekandidat vun den europäesche Liberalen an d’Europawalen am Mee, gouf een um Mëttwoch gewuer. Déi 50 Joer al Dänin ass zu Lëtzebuerg bekannt fir hir Roll no de LuxLeaks an hir Demarchë géint iwwerdriwwe Steieroptimiséierung. Amazon, Fiat an Engie goufe gebueden, hei Steieren nozebezuelen. D'Lëtzebuerger Regierung huet dës Decisiounen iwwregens kontestéiert an elo gëtt op d‘Uerteel vum EU-Geriicht gewaart.