Facebook huet dëst elo offiziell zouginn a matgedeelt, d'Useren wëllen ze informéieren.

Passwierder vu Millioune Facebook-Usere sinn de Mataarbechter vu Facebook zougänglech gewiescht, dat onverschlësselt. Et géif een dovunner ausgoen, dass een honnerte Millioune Facebook-Useren an zéngdausenden Instagram-Usere misst informéieren, esou Facebook en Donneschdeg.

Facebook huet allerdéngs keng Indicen, dass d'Passwierder genotzt goufen, fir Mëssbrauch ze bedreiwen, allerdéngs hätten d'Passwierder och intern misste verschlësselt sinn.

Am Januar wier de Feeler bei enger Iwwerpréiwung opgefall, de Feeler wier mëttlerweil awer geléist, heescht et vum Internet-Gigant.