Een Test mat enger Noutbremsung ass zu Deurne op der E313 an der Belsch gemaach ginn.

Den éischten an de leschten Auto vun enger Schlaang goufe mat enger Technologie equipéiert, déi d'Kommunikatioun tëscht den zwee Gefierer erméiglecht. Eng praktesch Saach, wann de leschte Chauffeur net gesi kann, wat ganz vir passéiert.

De Sigried Mercelis vum flamänneschen Inter-Universitären Zentrum erkläert, dass den Auto, dee ganz vir ass, bremse wäert a gläichzäiteg e Signal u säin Auto schéckt, fir Bescheed ze soen. Esou kann de leschte Chauffeur vill méi séier reagéieren, seng Siicht ass doduercher vill méi breet an de Risiko, dass eppes geschitt, méi geréng.

Eng Antenn gouf fir den Test laanscht d'Strooss opgeriicht. Duerch dës Struktur kënnen d'Autoen Informatiounen iwwer Vitesse, Spur, Obstakel oder Problem deelen. Esou gëtt de Verkéier méi flësseg a méi sécher.

Een anere Fuerscher, dee beim Projet bedeelegt ass, präziséiert, dass ëmmer méi Tester wärend engem Joer organiséiert ginn, fir duerno de System un Autosmarken an un Technologie-Bedreiwer proposéieren ze kënnen. D'Zil ass et, dat esou séier wéi méiglech asetzen ze kënnen.

Eng Hëllef vun 3,5 Milliounen Euro krut de Projet vun der flamännescher Regierung. D'Responsabele vum Projet si sech sécher, Zuel vun den Accidenter wäert doduercher ouni Zweiwel erofgoen.

De Mënsch braucht ongeféier 500 Millisekonnen fir ze reagéieren, de Computer kann eng Entscheedung no 15 Millisekonnen treffen. Déi Zäit geet duer fir een Accident ze evitéieren, an och méi schlëmm Konsequenzen. E Projet, dee schonn aner Nopeschlänner ganz staark intresséiert.

Eis Kollege vum belschen RTL-TVI hunn och doriwwer eng Reportage gedréint: