Et sinn impressionnant Biller. De gréisste Fliger vun der Welt huet an den USA säin éischten Testvol mat Succès absolvéiert.

De Fliger mam Numm "Stratolaunch", dee speziell fir d'Raumfaart konzipéiert gouf, huet eng Spanwäit vun 117 Meter an ass domat däitlech méi breet, wéi en Airbus A380.

E Samschdeg huet de Fliger eng éischte Kéier an der kalifornescher Mojave-Wüst ofgehuewen. Wärend dem Fluch, deen zwou an eng hallef Stonne gedauert huet, huet de Fliger eng Spëtzevitesse vun 304 Kilometer an der Stonn an eng Héicht vun 5.182 Meter erreecht.

Dëse Risefliger, deen zwee Cockpitten huet, déi matenee verbonne sinn, souwéi sechs Motore vun enger Boeing 747, soll nieft Rakéiten, Satellitten a soss Fracht, iergendwann och eng Kéier kënne Passagéier an de Weltall transportéieren.

De Stratolaunch ass 72,5 Meter breet, bal 230 Tonne schwéier an iwwer 15 Meter héich. Si steet op 28 Rieder a war bis ewell just um Buedem getest ginn. De Chef vu Stratolaunch Systems huet vun engem fantasteschen éischte Vol geschwat. Finanzéiert gouf d'Entwécklung vum Microsoft-Matgrënner Paul Allen. No dem sengem Doud am Oktober 2018, steet Stratolaunch allerdéngs virun enger onsécherer Zukunft.