Ouni Erlaabnes hat Facebook déi lescht 3 Joer d'Date vu ronn 1,5 Millioune User eropgelueden.

Grond vum Feeler wier eng Ännerung bei der Umeldung op Facebook gewiescht. Et hätt een de Problem am Mäerz entdeckt an direkt behuewen, heescht et vun der Entreprise. D'Daten hätt een awer net mat anere Leit oder Entreprise gedeelt an d'User, déi betraff waren, goufe vu Facebook informéiert.

Bei den Daten handelt et sech ënner anerem ëm d'Informatiounen aus den E-Mailadressen, déi een, fir en neie Compte ze maachen, huet missten uginn. Facebook konnt doduerch op d'Donnéeë vun den Adressen zougräifen, fir engem zum Beispill méi präzis Frëndschaftsufroen unzebidden.

Et ass net déi éischte Pann vu Facebook, wat den Dateschutz betrëfft, déi déi leschte Joren opgefall sinn.