Zanter Enn 2017 hat d'Jennifer Newstead beim Ministère geschafft, Facebook huet hir Arrivée e Méinden Owend offiziell matgedeelt.

Hire Numm war bis elo net bekannt, dofir awer hiren Job: d'Jennifer Newstead war bis elo Chef-Juristin beim US-amerikaneschen Ausseministère. Dëse Wiessel gouf vum gréisste soziale Reseau vun der Welt mat engem Communiqué e Méindeg offizialiséiert.

Si huet eng Formatioun als Affekot a wäert deemnächst de Colin Stretch als "General Counsel" bei Facebook ersetzen. Dësen hat säin Depart lescht Joer ugekënnegt.

De soziale Reseau muss zanter méi wéi zwee Joer géint permanent Polemike kämpfen, déi d'Privatsphär vu senge Usere betrëfft. Den Dateschutz bei Facebook ass a leschter Zäit dacks a Fro gestallt ginn, wat der Grupp etlech Enquêten a verschiddene Länner kascht huet.

Den US-amerikanesche Staatssekretär Mike Pompeo huet den Depart vum Jennifer Newstead confirméiert. Hie huet der Mataarbechterin Merci fir hiren Engagement am Ministère zanter Enn 2017 gesot a präziséiert, dass si déi éischt Fra war um Poste vu "Legal Adviser".

Bei Facebook ginn et zanter zwee Joer och ganz vill Departen, virun allem héich Poste si betraff. D'Cheffin vun der Kommunikatioun Caryn Marooney huet am Februar matgedeelt, dass si d'Grupp verléisst. Een Ex-Employé vu Microsoft a Google wäert si als Vizepresident vun der globaler Kommunikatioun ersetzen. Den John Pinete war ënner anerem responsabel fir d'Kommunikatioun vum Bill Gates.