Domadder huet de Software-Gigant d'Konkurrenz wéi Apple an Amazon hannert sech gelooss.

Den US-amerikanesche Software-Gigant ass op der Bourse elo iwwer eng Billioun Dollar wäert. A leschter Zäit sinn d'Aktien ëm ganzer 5 Prozent geklommen an huet esou d'Grenz vun 1.000.000.000.000 $ iwwerschratt.

Ufanks hätt een esou e Sprong eventuell just Apple oder Amazon zougetraut, ma d'Aktionäre goufen nawell iwwerrascht a Microsoft huet souguer béid Firmen iwwerholl.

De Grond fir dëse Push sinn déi gutt Geschäftszuelen déi Microsoft presentéiert huet. Den Ëmsaz ass a nëmmen 3 Méint bis Enn Mäerz ëm 14% op 30,75 Milliarden Dollar, de Gewënn ass ëm 19% op ronn 8,8 Milliarden Dollar geklommen.

D'Analysten an Experten hunn net mat esou engem staarke Wuesstem gerechent.