Déi berühmt App fir Leit kennenzeléiere kritt geschwënn eng méi liicht Versioun fir Länner, wou d'Connectioune méi lues oder Smartphone méi kleng sinn.

De Match-Grupp (Proprietär vu Meetic oder Tinder) huet seng finanziell Resultater virun e puer Deeg matgedeelt. Bei der Annonce gouf déi kleng Schwëster virgestallt: Tinder Lite.

Dës nei, méi liicht Versioun vun der bekanntster Date-App, misst verschidde Funktiounen opginn, fir sech op dat Néidegst ze konzentréieren.
Bis elo goufen et keng weider Detailer iwwer dës Neiegkeet. Et kann een awer logescherweis denken, dass Tinder Lite méi liicht, also méi kleng, gëtt, wéi déi klassesch App. Fir ënner anerem Leit, déi Smartphonen hunn, déi manner Späicherplaz ubidden. Et fënnt een esou Apparater virun Allem a Länner wéi Indien oder Pakistan.

Anere Schwéierpunkt: déi nei App misst manner Data verbrauchen, andeems erofgeluedene Contenue compriméiert ginn. Aner Detailer an Informatiounen, déi d'Entwéckler net fir wichteg gehalen hunn, ginn einfach ewechgeholl. Tinder Lite soll nei Usere fänke goen, och wann all Mënsch, am Recht vun der Welt, dës App benotzen däerf, fir manner Donnéeën ze verbrauchen.

Tinder ass net déi éischt Mark, déi esou eng "liicht" Optioun ugeholl huet, no Twitter, Instagram, Google Maps oder Facebook, ass et mëttlerweil een Trend, seng App manner voluminéis an hongereg ze gestalten. Esou komme nei Marchéen a Fro, wou d'Infrastrukturen net esou entwéckelt sinn, wéi bei eis.