Computex, de weltwäit gréisste Computer-Salon zu Taipei huet dësen Dënschdeg mat enger Weltpremière ugefaangen.

Lenovo a Qualcomm hunn zesummen um Salon den éischte 5G-Computer op der Welt virgestallt. Een PC dee mam fonkelneien "Snapdragon 8cx" Häerz equipéiert ass. Et ass déi éischt Plattform déi speziell fir PC'en gebaut gouf déi ëmmer connectéiert sinn.

D'Struktur ass och mam 5G-Reseau kompatibel, bei 4G gëtt een Debit vu 2,5 Gbit/s versprach. De Projet krut och dohier de Numm "Project Limitless" (ouni Limitten).

Den 8cx Chip ass op 7nm agerëtzt an ass mam X55 Modem equipéiert. Déi zweet Generatioun vu 5G-Modemen, nom X50 dee fir 5G-Smartphone vu Qualcomm entwéckelt a gebaut gouf. Am Géigendeel vum X50, kann déi nei Generatioun eng Connectioun mat 2G, 3G, 4G a 5G opbauen.

Esou kann ee wäit vum Büro, ouni Wifi op gréisser Dossiere schaffen. Wa bis d'5G iwwerall ukomm ass. Am Moment gouf just ee Prototyp vum Computer gewisen, ee geneeën Datum fir de Lancement oder de Preis vun dësem neie Modell goufen nach net matgedeelt.