Etlech Chaînë kéinten zougemaach ginn, wa se géint déi nei anti-Haass an anti-Iwwermuecht ("supremacy") Reegele vu YouTube verstoussen.

Um offizielle Blog vun der Video-Plattform gouf dës Woch ugekënnegt, dass de Kampf géint den Opruff zum Haass an Iwwermuecht-Contenuen an den nächste Woche géif verstäerkt ginn.

Hei si Videoe betraff, déi zu enger Grupp vu Leit gehéieren, déi duerch hir scheinbar iewescht Positioun an der Gesellschaft, Diskriminatioun, Segregatioun oder Exklusioun op Basis vun Alter, Geschlecht, Rass, sozial Schicht, Relioun, sexuell Orientatioun oder Veteran-Statut erlaben a justifizéieren.

YouTube huet en Donneschdeg ugefaangen, dës Videoen ze läschen, mä d'Aarbecht wäert e puer Méint daueren, esou d'Plattform. D'Responsabele wëllen och géint Desinformatioun weider kämpfen an esou intern Recommandatioune fir falsch Medikamenter, Wonnermëttel oder fake News limitéieren.

D'Chaînen, déi reegelméisseg géint dës nei Reegele verstoussen, gi ganz einfach vum Programm ausgeschloss, fir mam Contenu Suen ze verdéngen. YouTube präziséiert awer, dass se trotz dem Verbuet, een Accès fir déi geläschte Videoe fir Fuerscher an ONGe wëlle bäibehalen.