Déi éischt Päck kéinten ënner Ëmstänn schonn am Laf vun den nächste Méint bei d'Cliente geflu ginn, heescht et vun de Responsabele vun Amazon.

Déi speziell dofir entwéckelt Drone kéinte Päck mat engem Gewiicht vun ënner 2,3 Kilo transportéieren, an dat iwwert eng Distanz vu bis zu 25 Kilometer. Den Trajet dauert eppes manner wéi 30 Minutten.

Wéi et vun Amazon heescht, géifen Dronen d'selwecht wéi een Helikopter vertikal starten a landen a géifen och bei staarkem Wand stabil fléien.

Wou dëse Service genee soll offréiert ginn, hunn déi Responsabel vum Onlinehändler net präziséiert.

Amazon hat 2016 a Groussbritannien éischt Tester fir d'Ausliwwerung vu Päck mat Drone lancéiert.