Fuerscher vum Adobe Research Labo an Zesummenaarbecht mat der UC Berkeley Universitéit an Amerika hunn d'Konzept entworf a presentéiert.

Déi kënschtlech Intelligenz ka vill besser Retuschen op Portraite vu Leit erkennen, wéi wann eng Persoun dat géif ënnersichen.

De Projet gouf deelweis vum DARPA, dem Fuerschungszentrum vun der amerikanescher Defense, finanzéiert. Si sinn ënner Anerem fir een Deel vum Internet-Reseau zoustänneg gewiescht. Dës kënschtlech Intelligenz ass een Deel vum globalen Aktiounsplang, fir d'Authentizitéit vun de Biller ze garantéieren. Eng wichteg Demarche am Zäitalter vun den fake News a vun den "deep fakes" Videoen.

Adobe huet präziséiert, dass, wann nëmmen 53% vun de spezialiséierte Leit Ännerunge bei Fotoen entdeckt hunn, d'Resultat vun hirer Maschinn op 99% klëmmt. Dës kënschtlech Intelligenz gouf mat Millioune Biller a Portraite trainéiert a kann am Beschte Fall och d'Originalfoto nees produzéieren.

D'Firma, déi dacks wéinst hirer Foto-Software kritiséiert gëtt, weist, dass si och géint deen exzessive Photoshop-Gebrauch ka wierken. Bis elo ass nach net bekannt, ob Adobe dës Technologie fir e kommerzielle Gebrauch wëlles huet zur Verfügung ze stellen, mä, vu dass hei och ëffentlech Suen am Spill sinn, kéint et sinn, dass esou ee Service eng Kéier online opdaucht.