D'Simone Giertz, déi op YouTube bekannt ass, fir onméiglech Gadgeten ze erfannen, war méi séier, wéi den Elon Musk.

De "richtege" Pick-up vun Tesla, oder SUT (sport utility truck), soll eréischt dëse Summer virgestallt ginn. Well d'Fra, déi méi wéi 1,6 Millioun Fans op YouTube huet, net waarde wollt, huet si an hir Ekipp decidéiert, den neie Modell selwer ze bauen.

Zum Resultat si si mat engem Model 3 komm. Am Video gesäit een déi verschidden Etappen, déi zum éischten elektresche Pick-up gefouert hunn. D'Integratioun vum Chassis vun engem Transporter ass méi wéi gegléckt an d'Resultat ass scho bal glafwierdeg.

D'Simone Giertz nennt sech och gär "Kinnigin vu Schä*ss Roboteren" a proposéiert meeschtens ganz original Videoen, wou ondenkbar Apparater vun hir gebaut a presentéiert ginn. Dës Kéier huet de Projet vum "Truckla" méi wéi ee Joer gedauert.

Si erkläert an engem méi laange Videom firwat dass grad dee Modell vun der amerikanescher Mark ugepasst war a wéi eng Etappen am intressantsten oder komplizéiertste waren.