Musse Proprietäre vu Huawei-Apparater geschwënn op Appen wéi WhatsApp, Facebook oder Instagram verzichten?

Dat waren d'Gerüchter, déi an de leschten Deeg zirkuléiert waren, nodeems Facebook annoncéiert hat, dass d'Applikatiounen, déi der Grupp gehéieren, net méi op Smartphone vun der chinesescher Mark virinstalléiert ginn.

Doropshin huet Huawei reagéiert an eng eege Säit (op verschidde Sproochen) lancéiert. Hei probéiert den Handy-Hiersteller seng Clienten ze berouegen, an déi Saache kloerzestellen, déi bis elo falsch interpretéiert goufen.

Wichteg ass hei an deem Kontext zum Beispill, dass Leit, déi am Besëtz vun engem Huawei-Smartphone sinn ouni Problem Appe wéi Facebook oder WhatsApp weider benotze kënnen. Dat ass de Fall fir Apparater, déi scho verkaf goufen, déi am Moment nach Verkaf ginn oder déi nach op Stock sinn. Et kann een déi Appe ganz normal eroflueden a benotzen.

D'Chinese profitéiere vun der Geleeënheet, fir aner Rumeuren vum Dësch ze kieren, wéi zum Beispill Sécherheet- an Software-Updates, déi weiderhi fir méi al Apparater proposéiert ginn. Android gëtt och net automatesch vun Huawei-Smartphonen erofgeholl, wéi verschidde Leit dat gemengt haten.

De Sträit tëscht den USA a China huet och keen Afloss op d'Garantie, déi d'Usere vu Huawei kritt hunn. D'Firma wäert nach ëmmer un hire Produite schaffen, souwéi an Entwécklung investéieren.